Liichtspigel
Et handelt sech hei em ee Spigel op deen e Bild oder eng Foto gravéiert ass. De Spigel ass op eng hëlze Rumm montéiert (20x20x5cm) a gëtt vun hanne mat Ledluuchte beliicht. Gespeist gëtt dat Ganzt iwwert en Netzdeel 220V/12V an ass ganz effizient wat de Stroumverbrauch betrëfft. An der Rumm ass eng Elektronik agebaut déi iwwert eng Fernsteierung oder eng App gesteiert ka ginn, a wou ee verschidde Faarwen a Modiën kann auswielen. Et ass och e Mikro integréiert sou dass d'Faarwen op den Takt vun der Musik wiesselen (Liichtuergel), bref de Spigel huet ganz vill Méiglechkeeten
Original
Resultat
Kontakt
Marino FUMANTI
L-3939 Mondercange
Handy: 621 146 902
Email: marino.fumanti@gmail.com