Sunlightbox

21x29,7x10cm (Din A4)

Präis fir d'Sunlightbox : 40 €

(kann och per Post verschéckt ginn, supplément 15€)


- eng Sunlightbox

- eng Fernsteierung

- en Netzdeel

- Zougang zur App an eng Beschreiwung.

b3l
IMG-20240220-WA0020
IMG-20240220-WA0019
420678071_392093253311918_6443466497391121508_n

INFOS

Sunlightbox

D'Sunlightboxe sinn änlech opgebaut wéi 3D Shadowboxen, just dat een hei net den Effekt vun der Déift huet. Eng Sunlightbox besteet normalerweis aus 3 verschidde Blieder. Dat 1. Blat ass d'Zëmmer dat soll beliicht ginn. Um 2. Blat, dat aus duerchsichtegem Zellophan besteet, ass en Deel vun enger Landschaft, enger Stad, engem Strand, .... an dat gëtt esou placéiert dass et genee passt op déi Plaze wou d'Fënstere sinn a wou d'Luucht soll erakommen. Dat 3. Blat ass ganz schwaarz, an aus deem gi verschidden Deeler ausgeschnidden, an zwar genee do wou d'Luucht soll duerchliichten (d'Fënsteren) an do wou d'Luucht soll hifalen. Gëtt dat Ganzt elo vun hanne beliicht, da fält d'Luucht just dohinner wou ausgeschnidde gouf. Einfache Prinzip mee mega cool a gëtt eng super Deko hier.


D'Sunlightbox gëtt iwwert en Netzdeel 220V/12V bedriwwen an ass extrem spuersam wat de Stroumverbrauch ugeet. An der Rumm selwer ass eng Elektronik agebaut déi iwwert eng Fernsteierung oder eng App gesteiert ka ginn, a wou ee verschidde Faarwen a Modiën kann usteieren. Et ass och ee Mikro integréiert sou dass d'Faarwen op den Takt vun der Musik wiesselen (Liichtuergel), vill Méiglechkeeten halt.


Si Dir intresséiert un esou enger Sunlightbox, da mellt Iech bei mir. Sollt Dir näischt a mengen aktuelle Sunlightboxe fannen, da schreift mir ganz einfach wat Dir Iech virstellt an ech maachen Iech dann eng oder méi Proposen.

3d Shadowboxen

Plotter- a Lasertechnik

Black Box

Lasertechnik

Liichtspigelen

Lasertechnik

Verschiddenes

Lasertechnik

S/W Liichtbiller

Lasertechnik

Acrylbiller

Lasertechnik