Black Box
D'Black Box besteet aus engem Cube aus 4mm Sperrholz. Op deene véier Säite gi Konturen eraus geschnidden, entweder véier mol déi Selwecht oder véier Verschiddener. Wann et sech ëm eng einfach Kontur handelt, wéi een Hond oder eng Kaz, dann handelt et sech ëm eng einfach, net personaliséiert Box. Wann et sech awer em ee méi komplizéiert Motiv handelt, dat mat spezielle Programme muss preparéiert ginn, wéi d'Gesiicht vun enger Persoun, dann handelt et sech ëm eng personaliséiert Black Box.
Op all Black Box kann een en Opsaz setzen deen ee fräi gestallte kann. Op deem Opsaz kann een e Bild an/oder en Text gravéieren.
D'Black Box gëtt mat engem klenge Led Téiliicht beliicht. D'Black Box ass esou gebaut dass een och eng aner Luucht kann drasetzen.
Eng Käerz duerf op KEE FALL an d'Black Box gesat ginn, Brandgefor !!
Och wann et sech em eng Black Box handelt, kann ee selbstverständlech d'Box och am Naturholz geliwwert kréien.
Si Dir intresséiert un esou enger Black Box, da mellt Iech bei mir. Sollt Dir näischt a mengen aktuelle Black Boxe fannen, da schreift mir ganz einfach wat Dir Iech virstellt an ech maachen Iech dann eng oder méi Proposen.
Kontakt
Marino FUMANTI
L-3939 Mondercange
Handy: 621 146 902
Email: marino.fumanti@gmail.com