S/W Liichtbiller

20x20x5cm

Präis fir d'Liichtbild: 50 €

(kann och per Post verschéckt ginn, supplément 15€)


- e Liichtbild

- eng Fernsteierung

- en Netzdeel

- Zougang zur App an eng Beschreiwung.

20240225_163722(1)
20240225_163754

INFOS

S/W Liichtbiller

Et handelt sech em e Bild dat nëmme schwaarz/wäiss Kontraster huet, a genannt gëtt dee Stil "Che Guevara", nom bekannten Abbild vum kubanesche Revolutionär. D'Liichtbild ass op eng hëlze Rumm montéiert (20x20x5cm), mat enger Plexiglas Front, a gëtt vun hanne mat Ledluuchte beliicht. Gespeist gëtt dat Ganzt iwwert en Netzdeel 220V/12V an ass ganz effizient wat de Stroumverbrauch betrëfft. An der Rumm ass eng Elektronik agebaut déi iwwert eng Fernsteierung oder eng App gesteiert ka ginn, a wou ee verschidde Faarwen a Modiën kann auswielen. Et ass och e Mikro integréiert sou dass d'Faarwen op den Takt vun der Musik wiesselen (Liichtuergel), bref dëst Liichtbild huet ganz vill Méiglechkeeten.


Si Dir drun intresséiert Iech, är Allerléifsten, äert Hausdéier oder e Géigestand op esou eng Manéier ze veréiwegen ? Ma da schéckt mir einfach eng Foto an ech maachen de Recht.

Original

Resultat

3d Shadowboxen

Plotter- a Lasertechnik

Black Box

Lasertechnik

Sunlightboxen

Lasertechnik

Verschiddenes

Lasertechnik

Liichtspigelen

Lasertechnik

Acrylbiller

Lasertechnik